LE RÊVE DU PETIT PRINCE
ënnerstëtzt
ASSOCIATION THÉRAPIE ÉQUESTRE

Zanter laange Jore schonn ënnerstëtzt Le Rêve du Petit Prince asbl reegelméisseg d’Association
Thérapie Equestre (A.T.E.)
duerch d’Iwwerhuele vum kompletten Ënnerhalt vun engem
Therapiepäerd, an duerch de Finanzement vun dréngend néidegem Therapiematerial. Zousätzlech
bezillt si all Joer d’Behandlung bei der A.T.E. vu Kanner, deenen hir Famillen net déi finanziell
Méiglechkeeten dozou hunn.
Duerch e signifikativen Don, deen den 01.12.2022 um 19h00 offiziell am Therapiestall vun der A.T.E.
iwwerreecht gëtt, hëlleft Le Rêve du Petit Prince dëst Joer den zousätzleche Finanzéierungsbedarf vun
der A.T.E. fir 2022 ze decken.
Den 01.01.2022, bal 40 Joer no hirer Grënnung den 11.03.1982, ass d’A.T.E. nämlech an hiren neien
Therapiestall zu Monnerech geplënnert. Dësen neie Stall, 3 rue de Pontpierre, dee vill méi grouss a
besser equipéiert ass wéi dee viregten, stellt fir d’A.T.E. e Paradigmewiessel duer.
Déi nei Infrastruktur erlaabt d’Erweiderung an d’Diversifizéierung vun hiren Aktivitéiten. Déi komplett
Palett ëmfaasst elo:

  • Hippotherapie,
  • Heelpedagogesch Fërderung mam Päerd,
  • Schoulprojete fir d‘Gemenge Monnerech, Suessem, Diddeleng a Schëffleng,
  • Fräizäitaktivitéite fir Kanner an aner Institutioune wéi z.B. d’ALAN,
  • Aktivitéite fir Senioren,
    an zousätzlech zanter Ufank 2022:
  • Psychomotorik mam Pony, mat den Deelberäicher psychomotoresch Fërderung a
    psychomotoresch Fréifërderung,
  • Déieregestützt Therapie mat Haffdéieren.
    Doriwwer eraus gi Boxe verlount, mat enger kompletter Service-Offer fir eeler oder krank Päerd.
    Nieft dëse formidabelen Opportunitéiten bréngt déi nei Infrastruktur awer natierlech grouss
    Investissementer a signifikativ erhéicht Käschten mat sech, bei deene Le Rêve du Petit Prince elo
    agesprongen ass fir de Manko vum éischte Joer hëllefen ze decken.
    Mat dëser generéiser Ënnerstëtzung vu Le Rêve du Petit Prince, sinn déi Responsabel vun der A.T.E.
    zouversiichtlech, dass si an den nächste Joren déi reit- an déieregestützten Therapie weider
    diversifizéieren an ausbaue kënnen, fir dës Offeren enger ëmmer méi grousser Zuel vu Kanner a
    Patienten zougänglech ze maachen