Ausbildung vun engem Assistenzhond

Finanzement vun enger Ausbildung iwwer d’ASA vun engem Assistenzhond

De RdPP finanzéiert d’Ausbildung (November 2025 -Mäi 2026) vun engem Assistenzhond fir een 10 Joer alt Meedchen. Et huet als Diagnosen en Ostéosacrome mat enger Amputatioun vun der Ceinture scapulaire (Schultergürtel).

Mat Hëllef vun dessem Assistenzhond kann dëst jongt Meedchen gehollef kréien sech, trotz senger dach schwéierer  Beanträchtegung a senger riseger Narb, de Mut um Liewen erëm ze fannen.